Snip20160702_1

Snapchat Support GIF

Snapchat – dir hutt bestëmmt dovun héieren, verstitt et nach net wierklech, ma wësst just, datt “d’Jugend” grad voll drop flippt.Snapchat huet e puer flott Funktionalitéiten an ass definitiv méi passend fir mat wierkleche Frënn a Kontakt ze bléiwe wéi sou munch aner Netzwierk.

Snapchat huet awer och eng Funktioun, déi ech net ganz sou cool fannen. Et ass de Filter, deen uweist, mat wéi vill km/h ee grad ënnerwee ass. Natierlech kann ech mer gutt virstelle wéi dëse filter ka gebraucht ginn: “Ech sëtzen am Bus, dee mat 50km/h fiert a sinn ënnerwee bei dech”. Leider hunn ech awer schonn e puer ze vill Leit erwëscht, wéi se sech als Chauffer vun Auto oder Moto dobäi gefilmt hunn wéi se dëse Snapchat-Filter benotzen.

IMG_1340D’Benotzung vum Handy während dem Fueren ass natierlech verbueden. Op Nofro bei der Police krut ech och bestätegt, datt esou eng Foto oder Video kann en Element bei enger Plainte sinn. Hei déi komplett äntwert:

  1. Benotzung vum Handy ouni handsfree ass natierlech verbueden a gëtt verbaliséiert
  2. Wann ee Chauffeur iwwert dem Fueren ufänkt ze fotograféieren a ze verschécken ass dat och eng Infraktioun
  3. bei d’Publikatioun vu Biller gëtt et een Droit à l’Image deen och fir sozial Medien zielt.

An alle Fäll ass deen, deen Foto verschéckt responsabel. Police hëlt all Elementer am Fall vun enger Plainte entgéint, op a wéi awer elo esou ee Video als Beweis kéint zielen hänkt awer vun der Justiz of.

Vläit e kuerze Kommentar zu Snapchat. Dës Plattform ass grouss domadder ginn, datt d’Biller a Videoen déi e verschéckt “éphémère” sinn, d.h. no e puer Sekonne verschwannen. Et kann een also – theoretesch – Fotoe just eemol kucken. Et ginn allerdéngs eng Rëtsch Méiglechkeeten esou Fotoen a Videoen opzehuelen an ze späicheren: déi einfachst z.B. ass en Video vum Video ze maachen.

Dir hutt bei Snapchat also – op der Äre Publikatiounen elo just u Frënn oder als “Story” verëffentlecht, ni d’Garantie, datt Är Fotoen a Videoen net awer enregistréiert ginn.

Dëst soll awer elo natierlech net de Punkt vun dësem Blogpost sinn – generell gëllt: Handy um Steier ass geféierlech. Souguer als social Media Junkie wéi ech ee si muss een sech agestoen, datt Snapchat während dem Autofuere benotzen net déi cleversten Aktivitéit ass 😉