Clement & Weyer ass eng 3 Joer al Entreprise déi Conseil am Beräich vun der digitaler Kommunikatioun offréiert, Strategien entwéckelt an dës op Wonsch vum Client och crossmedial (Social Media, Websäiten, Web-Applikatiounen, Mobile Apps) ëmsetzt. Zu eise Clienten zielen international an national Institutiounen, an Entreprisen vun all Gréisst zu Lëtzebuerg an am europäeschen Ausland.

Am Kader vun der Extensioun vun eiser Aktivitéit sich mir esou séier wéi méiglech:

1 Assistant à la direction (m/f)

Kontrakt: CIE (Contrat de l‘initiation à l‘emploi)
Aarbechtszäiten: 40h / Woch

Du weess mat de gängegen Office-Programmer ëmzegoen an kanns dech op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch verstännegen? Du sichs no enger éischter Erfahrung an enger Entreprise wou s du enk mat den Geranten zesummeschaffs? Da freeë mir eis dech kennen ze léieren als neien Assistant à la direction (m/f) deen folgend Verwantwortungen hätt:

  • Accueil vu Clienten a Fournisseuren
  • Gestioun vum Agenda vun der Direktioun
  • Gestioun vum Telefonater
  • Gestioun vum Courrier
  • Gestioun vun Team-Aktivitéiten an den Infrastrukturen

Du bass interesséiert? Da mell dech per E-Mail mat engem CV a Motivatiounsschreiwes op hello@clement-weyer.lu mat dem Betreff: „[AD] Candidature“

2 Junior Digital Communication Consultants (m/f)

Kontrakt: CIE / CDD / CDI / Stage
Aarbechtszäiten: 40h / Woch

Du bass en „Digital Native“ an du kenns dech mat digitaler Kommunikatioun aus. Facebook, Twitter, SnapChat a Co si fir dech keng Friemwierder an du weess dech op Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch souwuel mëndlech wéi schrëftlech feelerfräi auszedrécken? Da géife mir dech gäre kenne léieren fir mat dir iwwert d‘Opportunitéit als Junior Digital Communication Consultant ze schwätzen.

Dëse Posten huet gutt Perspektiven fir d‘Zukunft mat enger Carrière déi laangfristeg bis zum Partner féiere kann. Deng Verantwortunge wieren:

  • Betreiung vu bestoende Clienten zesumme mat engem Partner
  • Entwécklung, Redaktioun a Presentatioun vun Strategien
  • Regelméisseg an onregelméisseg Missiounen bei de Clienten zu Lëtzebuerger
  • Entwécklung an Ausféierung vun Kommunikatiounskampagnen op sozialen Netzwierker

Du bass interesséiert? Da mell dech per E-Mail mat engem CV a Motivatiounsschreiwes op hello@clement-weyer.lu mat dem Betreff: „[JDCC] Candidature“

1 Responsable Sales B2B (m/f)

Kontrakt: CDD / CDI
Aarbechtszäiten: 40h / Woch

Du kanns engem Eskimo e Frigo verkafen an du kéints an der Wüst Sand verkafen? Da siche mir genee dech! Fir eis digital Produiten (Conseil, Websäiten, Web-Applikatiounen, Mobil-Applikatiounen) nach besser um Marché ze placéieren, siche mir e Responsablen fir d‘Vente u Betriber. Mir hu Produiten a Servicer déi sech éischter un TPE a PME riichten, wéi och Prestatiounen déi sech kloer un grouss Entreprisen an Institutiounen riichten. Du wiers als Responsable Sales B2B (m/f) responsabel fir d‘Entwécklung vun eiser Clientèle. Mir verlaangen och hei mindestens d‘Beherrsche vun 2 vun den offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg.

Dëse Posten huet gutt Perspektiven fir d‘Zukunft mat enger Carrière déi kuerz a mëttelfristeg zu ëmmer méi Verantwortung iwwert eng wuessent Ekipp féiert. D‘Entlounung besteet aus enger Partie fixe an enger attraktiver Partie variable déi der Performance ugemooss ass. Deng Verantwortunge wieren:

  • Usprooch vu potenzielle Clienten
  • Entwécklung vun enger Strategie fir nei Clienten ze fannen
  • Betreiung vu Clienten vum éischte Kontakt bis zur Ënnerschrëft vum Kontrakt zesumme mat eiser Direktioun

Du bass interesséiert? Da mell dech per E-Mail mat engem CV a Motivatiounsschreiwes op hello@clement-weyer.lu mat dem Betreff: „[Sales] Candidature“

1 Front-End-Web / WordPress Entwéckler (m/f)

Kontrakt: CDD / CDI / Stage
Aarbechtszäiten: 40h / Woch

Du beherrschs modern Web-Technologien am Frontend (HTML5, ES6 & ES7, …) an du wëlls Websäiten ëmsetzen déi all Dag vun e puer Dausend Leit gekuckt a benotzt ginn? Do dernieft hues de en Aen fir den Detail a fir Useability an Ästhetik? Du beherrschs ausserdeem genuch PHP fir WordPress-Themes kënnen ëmzesetzen, da wëlle mir mat dir iwwert d‘Opportunitéiten vun engem Front-End-Web / WordPress Entwéckler (m/f) bei Clement & Weyer schwätzen.

Deng Verantwortunge wieren:

  • Ëmsetze vu Maquetten an stateschem HTML an/oder WordPress-Themes
  • Testen ob de Layout wierklech „responsive“ ass
  • Afleege vun Ännerungen déi Clienten bei bestoende Projete verlaangen
  • Mataarbecht un 2 interne Projeten déi mir mëttelfristeg kommerzialiséiere wëllen

Du bass interesséiert? Da mell dech per E-Mail mat engem CV a Motivatiounsschreiwes op hello@clement-weyer.lu mat dem Betreff: „[FEWW] Candidature“

1 Full-Stack RAILS Entwéckler (m/f)

Kontrakt: CDD / CDI / Stage
Aarbechtszäiten: 40h / Woch

Ruby on Rails 5 huet keng Geheimnisser fir dech an du weess wat am Hannergrond an enger PostgreSQL oder SQLite Datebank viru sech geet? Du kanns dank AREL och méi komplex Ufroen formuléieren an TDD ass kee Friemwuert? Da siche mir dech als Full-Stack RAILS Entwéckler (m/f) fir eis aktuell Ekipp z‘ënnerstëtzen.

Deng Verantwortunge wieren:

  • Laangfristeg Betreiung vun Applikatiounen déi all Dag vu Clienten benotzt ginn
  • Entwécklung vun neien Applikatioune fir Clienten
  • Mat-Entwécklung vun zwee Projeten déi mëttelfristeg kommerzialiséiert solle ginn

Du bass interesséiert? Da mell dech per E-Mail mat engem CV a Motivatiounsschreiwes op hello@clement-weyer.lu mat dem Betreff: „[RAILS] Candidature“

1 Stage: Steierrecht fir Personnes Physiques (m/f)

Kontrakt: Stage
Aarbechtszäiten: 40h / Woch

Fir en interne Projet siche mir sou séier wéi méiglech e Stagiaire deen eng Aarbecht iwwert d‘Besteierung vu Personnes Physiques (Modèle 100) schreiwe wëll. Dëse Stage wier remuneréiert a kann entweder als BTS, Bachelor oder Master Aarbecht realiséiert ginn.

D‘Zil wier et fir dëse Formulaire an een Entscheedungsbam mat einfache Froen ze transposéieren fir d‘Ausfëlle vun enger Steiererklärung méi einfach respektiv automatesch ze maachen. Am Fall vun enger Masteraarbecht wier et och denkbar dës Aarbecht mat der Integratioun vun engem Calcul vum richtege Barème respektiv der Propositioun vun potenziellen Optimisatiounen ze komplettéieren. Du studéiers oder léiers eppes ëm Beräich vun der Besteierung vu personnes physiques, da schwätz mat eis iwwert e Stage am Beräich Steierrecht fir Personnes Physiques.

Du bass interesséiert? Da mell dech per E-Mail mat engem CV a Motivatiounsschreiwes op hello@clement-weyer.lu mat dem Betreff: „[TAX] Stage“

x Stagiaire (m/f)

Fir dech wor näischt derbäi? Mir sinn ëmmer op der Sich no interessante Stagiairen déi an eis Welt wëllen eraluussen. Dëst kënne Stagen am Kader vun der Schoul, der Uni oder fräiwëlleger sinn. Optimalerweis hunn se eppes mat digitaler Kommunikatioun, Conseil oder administrativer Aarbecht vu TPE oder PME ze dinn oder erschléissen eis en neit Aktivitéitsfeld wat dringend misst digitaliséiert ginn.

An deem Kader sinn eis zwee Associéen och bereed fir Tuteur fir Bachelor a Master Thèsen ze sinn an dës am Betrieb z’ënnerstëtzen.

Falls du nach e Stage sichs a mengs du géifs gutt zu eis passen dann zéck net a schreif eis un hello@clement-weyer.lu mam Betreff „Stage“